Rtl.letzebuerg's Instagram Audience Analytics and Demographics
@rtl.letzebuerg
Luxembourg
Business Category
Get Our Influencer Rate Card Today!
A brand new way for you to compare the rates of influencers across the world.
Learn MorePROFILE OVERVIEW OF RTL.LETZEBUERG
Average engagement rate on the posts is around 0.40%. The average number of likes per post is 94 and the average number of comments is 3.
Rtl.letzebuerg loves posting about Entertainment and Music.
Check rtl.letzebuerg's audience demography. This analytics report shows rtl.letzebuerg's audience demographic percentage for key statistic like number of followers, average engagement rate, topic of interests, top-5 countries, core gender and so forth.
Followers
Posts
GENDER OF ENGAGERS FOR RTL.LETZEBUERG
MENTIONED HASHTAGS OF RTL.LETZEBUERG
- partofrtl 20
- rtlneverstops 20
- Luxembourg 17
- rtllëtzebuerg 16
- luxembourg 4
RECENT POSTS
Eng 600 #Journalisten aus 117 Länner hunn dorunner geschafft, fir dës Daten ze verschaffen. Waren et bei de #PanamaPapers zum Beispill d’Dokumenter aus enger Etüd, sou komme se dës Kéier vun #Offshore Provider aus der ganzer Welt. 330 Politiker aus iwwer 90 Länner si mat hiren Offshore-Firmen an de #PandoraPapers ze fannen. Dorënner och 35 Staatscheffen a Premierministeren. #Luxembourg #rtllëtzebuerg #partofrtl #rtlneverstops
Eng 200 Länner an Organisatioune presentéiere bis den 31. Mäerz am Arabeschen Emirat hir Iwwerleeungen zum Thema "connecting minds, creating the future." De Grand-Duché wëll sech virun allem als #innovatiivt, diverst an nohaltegt Land presentéieren. De Visiteure soll am #Pavillon vu Metform Architects mat senge 5 Sënner op eng Rees geschéckt ginn. #Dubai #worldexpo2020 #Luxembourg #partofrtl #rtllëtzebuerg #rtlneverstops
Dat confirméiert de #Statec um Freideg de Moien. D’Inflatioun hätt deemno am September 2,7% erreecht, an de semestriellen Index huet de Seuil vun 895,78 Punkten 📈iwwerschratt, woumat also eng Indextranche erfält.💶 #Index #Luxembourg #rtllëtzebuerg #partofrtl #rtlneverstops
En Donneschdeg den Owend war d'Première vum neien James Bond Film "No time to die". Och den 25. Film vun dëser Serie versprécht de Blockbuster vun der Saison ze ginn, op dee vill Kinoen a Fans gewaart hunn. #JamesBond #Kino #OO7 #Luxembourg #Notimetodie #partofrtl #rtllëtzebuerg #rtlneverstops
Dir hutt Journalismus studéiert oder ewell an deem Beräich geschafft. Dir sidd virwëtzeg, stress-resistent an teamfäeg, flexibel, dynamesch an engagéiert. Wann Dir Iech an dësen Aussoe selwer erkennt an eng Plaz sicht, da mellt Iech bei eis: Well da sidd Dir eis Fra oder eise Mann! Mir bidden en interessanten Job an der RTL-Redaktioun (Radio, Télé, Internet) mat engem attraktiven Aarbechtsëmfeld an der RTL-City um Kierchbierg. SCHREIFT EIS! Mailt eis Äre CV wgl. mat Foto, Adress an Telefonsnummer souwéi engem Motivatiounsbréif op Lëtzebuergesch op: [email protected]
Den #Hierscht huet lescht Woch ugefaangen an dat ass mat déi schéinsten Zäit am #Wéngert. Drauwe🍇 sinn nämlech zeideg a prett fir an e gudde Wäin🍷 verschafft ze ginn. Haut fänkt d'Lies op der #Musel un, an Michèle Schons du hues de Moie spontan decidéiert fir op #Réimech ze fueren fir eng Hand mat unzepaken. #luxembourg #Radio #reportage #partofrtl #rtllëtzebuerg #rtlneverstops
Um 10 Auer war Rendez-vous op der Stater #Gare. Vun do aus goung et um 10.45 Auer dann am Cortège op de #Glacis, wou och Riede gehale ginn a Kënschtler optrieden. Wéi d'Police matdeelt, wieren eng 2.500 Schüler bei dësem Cortège mat dobäi. D'Organisateure vu #Youth for #Climate schwätze vu ronn 3.000. #climatechange #fridaysforfuture @firdaysforfuture #youthforclimate #Luxembourg #Maniff #partofrtl #rtllëtzebuerg #rtlneverstops
Domat géif d'EU ee Schlussstréch ënnert ee jorelaange Sträit setzen. #Apple huet sech laang Zäit géint esou eng Obligatioun gewiert. Et handelt sech hei em ee grousse Marché vu ronn 450 Millioune Leit. Esou eng Obligatioun hätt also wäitreechend Konsequenzen. #Apple #EU #Chargeur #rtllëtzebuerg #rtlneverstops #partofrtl #Luxembourg
Renovéiert Haiser oder zäitgenëssesch Konstruktiounen? E spannenden Abléck an déi verschiddenst Stiler an aussergewéinlechst Architekturen. De ganzen Episode fannt Dir elo am Replay op RTL Play. #RtlHomes #Eschweiler #Bauerenhaus #Luxembourg #RtlLëtzebuerg #partofrtl #rtlneverstops
Um Weltdag soll sensibiliséiert ginn. D’Kontroll- an Evaluatiouns-Administratioun AEC vun der nationaler Fleegeversécherung huet zanter dem Ufank vum Joer eng Evaluatioun gemaach iwwert déi national Fäll, déi weist, dass 27% vun allen Fleegefäll am Land, eng Demenzkrankheet hätten. Frae wieren duebel sou dacks betraff wéi Männer. Liicht méi wéi d’Hallschent vun de Patiente wier tëscht 80 an 89 Joer al. #Demenz #Alzheimer #Weltdag #Sensibiliséierung #Luxembourg #RtlLëtzebuerg #partofrtl #rtlneverstops
Vu freides bis sonndes hunn d'Reider mat hire Päerd missen 3 Epreuvë sprangen. 3 Dammen an een Här waren e Sonndeg virun deem leschte Sprangen nach am Coup fir den Titel. Um Enn konnt sech d'Noemie Goergen dëse mat hirem Päerd Henriette sécheren. Den éischten Dag war si mam Henriette 51 op der éischter Plaz, duerno ass si zréckgefall. Eng eenzeg Staang konnten déi 2 sech leeschten a si waren neie Champion 2021. D’Zäit war kee Problem, well d’Noemie Georgen e séiert Päerd huet. Et ass eng Staang gefall, awer zimmlech zum Schluss vum Parcours, an déi 2 hunn d’Nerve behalen. D'Noemie Goergen mat winzegen 0,48 Punkte Virsprong op d’Viktoria Häussler deemno nei Lëtzebuerger Championne am Sprangreiden. #reiserpaerdsdeeg #Luxembourg #Sprangreiden #RtlLëtzebuerg #partofrtl #Rtlneverstops
Vum 16. September bis de 16. Oktober gëtt e Concours fir Schüler organiséiert, déi sech déi éischte Kéier mam Theema Weltraum beschäftegen. Am Kader vun Esch 2022 spillt d'Programmgestaltung fir Kanner a Jugendlecher eng wichteg Roll an der europäescher Kulturhaaptstad. An dësem Kontext organiséiert den Educatiounsministère zesumme mat der "Grand Est Academy" aus Frankräich, der "Luxembourg Space Agency" an dem "Luxembourg Science Center" de Molconcours "Kreative Concours - Iddie vu jonke Mënsche fir d'Zukunft vum Weltraum". #Esch2022 #luxembourg #Kultur #europäeschkulturhaaptstad #Rtllëtzebuerg #rtlneverstops #partofrtl
Avg Comments